De Weekend vum 31.05 bis den 02.06 hu sech puer LSMler op de Wee fir op Wien gemaach 🇦🇹. De BaseCup huet nämlech op eis gewaart. Zesumme mat de Wiener an Innsbrucker hu mir ee schéine Weekend verbruecht. No engem Iesse Freides Owes, gouf d’Nuetsliewe vu Wien onsëcher gemaach 🍻 🍸. Samschdes stounge mir rëm fréi op de Been, well de ganzen Dag war ee flotte Sportsprogramm mat Spikeball, Vëlkerball a Pétanque virgesinn. Och duerch eng kleng Reeschauer hu mir eis de Spaass awer net huele gelooss. Am Petanque si mir souguer Vizemeeschter ginn🥈.
Sonndes hu mer eis dann nach emol bei beschtem Wieder an der Strandbar getraff, fir de Weekend zesummen auskléngen ze loossen ☀️.
D’nächst Joer geet et dann op Innsbruck! D’Virfreed ass scho grouss.
Ären LSM-Comité💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.