Réckbléck: Student fir 1 Dag 2024

Den 11. Abrëll si 25 Schüler aus dem Lycée eis am Kader vum Student fir een Dag op München besiche komm. 🎓

Den éischten Treffpunkt war de Geschwister-Scholl Platz, nodeems mir si moies op de Flughafe siche waren. Do krut all Schüler ee Croissant an eng Bretzel a gouf domadder zu München begréisst 🥨. No engem éischte klengen Tour duerch LMU, eng vun den zwou Haaptuniversitéiten zu München, ass et weider Richtung TUM gaang. 

An engem klengen Hörsall konnte mir de Schüler den LSM virstellen a Studenteliewe bësse méi nobréngen, ausserdeem kruten si Unien an déi verschidde Studiegäng, déi si interesséiere presentéiert🧑‍🏫. No enger weiderer Präsentatioun vun der ACEL, hu mir eis direkt op de Wee zum Mëttegiesse konnte maachen. Am Steinheil 16 konnte Schüler een Deel vun der bayrescher Kultur kennenléieren, mat Schnitzel, Käsespätzle a co. konnte si sech fir den nächsten Deel stäerken🍴. Hei sinn dann och eis Helfer dobäi gestouss, déi nach Froen zu hire Studiegäng oder Unie beäntwerte konnten. 

Opgedeelt an dräi verschidde Gruppen, hu mir eis op de Wee fir op Garching, bei d’Stammgelände vun der TUM oder bei d’Haaptgebai vun der LMU gemaach🏫. Hei konnte Schüler hire villäicht zukünftege Campus gesinn an nach eng Kéier all déi Froe stellen, déi hinnen um Häerz loungen. 

Dono hu mir nach ee klengen Tour duerch Stad gemaach, dobäi konnten d’Schüler sech den Englesche Gaart, d’Eisbachwelle, de Marienplatz an de Viktualienmarkt bei herrlechem Wierder ukucken an och nach bëssen hier Fräizäit zu München genéissen. ☀️ Befir et erëm zeréck bei de Flughafe gaang ass, si mir nach eppes Klenges op de Viktualienmarkt drénke gaang. 🍻

Am Groussen a Ganzen war de Student fir een Dag erëm ee grousse Succées a mir hoffen den een oder aneren am Oktober oder deenen nächste Joren zu München begréissen ze kënnen. Dobäi wëlle mir der ACEL nach eng Kéier Merci soe fir déi gutt Organisatioun an Zesummenaarbecht. 💙