Réckbléck: Münchner Bal 2024

Op Ouschtersonndeg huet mol erëm de Bam am Melu gebrannt 🕺. De Münchner Bal war bis ënnert Daach ausgebucht an d’Stëmmung konnt net besser sinn. Ugebuede goufen wéi ëmmer frëschen Augustiner Béier, sou wéi eise gudde Blue Seppl Shot 🍻. Fir flott Musek huet och dëst Joer den @djnosi gesuergt . Selbstverständlech huet bei eis och keen Honger gelidden, op eisem Grill konnt een sech vum Metti bis zum Kéiswupp duerchprobeieren. 🌭

Eise Bal war e grousse Succées, dëst wär awer ouni eis (Premium-)Helfer net méiglech gewiescht, vun Op-bis Ofriichten an och wärend dem Bal waren si eis eng grouss Hëllef 💙. Dofir nach eng Kéier een décke Merci. 🙏

All d’Fotoen fannt dir hei: RTL – Gutt Stëmmung um Münchner Bal (31.3.24)