Réckbléck: Starkbierfest

De 15. Mäerz war den LSM nees mat 30 vu senge Memberen um Starkbierfest présent. An der Truecht konnte mir um Nockherberg dee ganzen Owend laang dat gutt Münchner Starkbier bei flotter Ambiance a Musek genéissen. 🍻 Spéitstens no der zweeter Maß stounge mir dunn och all zesummen op de Bänken an hunn zu der flotter Musek gedanzt, bis dee schéinen Owend um 22.30h leider scho riwwer war.

Och wann d’Starkbierfest mëttlerweil eriwwer ass, musse mer net laang op dat nächst grousst Münchner Volleksfest waarden, well schonn dëse Weekend fänkt d’Frühlingsfest erëm un. 💙