Réckbléck: Schlittschongfueren

De 27. Januar waren e puer LSM-Memberen zesummen an de Prinzregentenstadion Schlittschong fueren. ⛸️ Nieft dem Cruisen um Äis konnt een och mat Glüwäin a Béier nei Energie tanken. No deem sportlechen Nomëtteg ass et dunn an de Restaurant Aquamarin gaangen, wou deen een oder aneren LSMler nach dobäi gestouss ass a mir dëst Event mat engem flotten Owesiesse konnten ausklénge loossen.🍽️