Réckbléck: Tournoi de Noël 2023

Am Volleyball 🏐 , Basket 🏀 a Fussball ⚽ si mir den 27. an 28. Dezember um Tournoi de Noël ugetrueden. Mat eisen dräi staarken Ekippe si mir déi zwee Deeg op de Geesseknäppche gefuer, a konnte beweise wat München sou drop huet. 

Den éischten Dag stoung Volleyball a Basket um Programm. No engem spannenden Dag mat villen Héichten an Déifte konnte mir eis am Volleyball eng gutt 6. Platz secheren. Am Basket hu mir eis mat enger 8.Platz zefridde ginn. ⛹🏼‍♀️

Den zweeten Dag huet eis Fussballsekipp alles ginn. 💪🏼 No enger souveräner Gruppephas konnte mir eis an d‘Final kämpfen. Mat enger gudder Stëmmung vun eisen LSM-Ultras hunn eis Fussballspiller sech konnte beweisen a sinn domat op de Podium komm.🥉

Am General Klassement huet den LSM zum zweete mol a Folleg déi zweet Platz matheem geholl. 🥳

Villmools Merci un all Supporter a Sportler déi vollen Asaz gewisen hunn!