Réckbléck: Kitzbühel 2024

Auffe aufn Berg und oba mit de Ski🎿 Dat ass eng gutt Beschreiwung fir d’Memberen an Oldies leschte Weekend. 

De Freiden um 6h30 hu mir eis um Ostbahnhof getraff fir mam Bus op Kitzbühel ze fueren. No 2 Stonne Busfaart an engem Dräikinnekskuch si mir ukomm an hunn direkt d‘Piste onsécher gemaach. ⛷️🏂 Um 15h00 huet ee schonn déi éischt Schifuerer op der Sonnalm an der Schirmbar bei der Happy Hour ugetraff. Do misste mir direkt mol op ee flotte Weekend prosten an den Aprés-Ski war lancéiert. 🍻 Zur Entspanung no dem ustrengenden Dag konnt een awer och nach bëssen an d‘Sauna goen. Weider gaangen ass et mat engem gudden 3-Gänge-Menu, dësen huet eis gestäerkt fir de Rescht vum Owend alles ze ginn 🕺💃. 

Samschdes stoungen déi meescht scho moies fréi als éischten op der Pist. Et hat gutt geschneit, dofir konnt ee vun dem gudde néie Schnéi profitéieren. Owes war dann den traditionelle Grillowend, wou mir eis gutt verwinne gelooss hunn. 😋

Sonndes ass nach méi Schnéi gefall mee et huet leider net méi domadder opgehal. Dat war awer kee Problem fir scho moies fréi op der Pist ze stoen. Nodeems Valisen gepak goufen, konnte mir nach eng leschte Kéier vun dem grousse Skigebiet profitéieren. Um 17h00 war de flotte Weekend leider schonn eriwwer a mir sinn erëm mam Bus zeréck op München gefuer. 💙