Réckbléck: Chrëschtmaart-Crawl

De 16. Dezember huet déi zweet Kéier eise Chrëschtmaart-Crawl stattfonnt.🎄 Dofir hu mir eis am fréien Owend um Sendlinger Tor getraff, wou mir kleng Teams fir de Rescht vum Owend gebilt hunn. Vun do aus ass et weider gaangen op de Marienplatz, hei hu mir wéi och op deenen anere Chrëschtmäert ee gudde Glühwäi gedronk. Als Nächst ware mir bei der Residenz a konnten eng schéi Foto mam Kleesche maachen.🎅🏼 D‘ Münchener Freiheit war den zweet leschte Chrëschtmaart, dono ass et an den Olympiapark ob de Märchenchrëschtmaart gang. Wärend dem ganzen Owend ware kleng Aufgaben ze léisen, soudass op der leschter Statioun d‘Gewënnerekipp gekréint gouf.