Réckbléck: Chrëschtfeier

Ee Kleesche mat senge Gesellen an ee gudden Äppel-Kanéil Shot, sou huet den Owend vum 09. Dezember gestart. 🎅🏼 Dobäi kruten eis brav Membere selwer gebake Kichelcher an eng Tut voller flotter Kaddoen. 🎁 Am Restaurant Bellevue huet dëst Joer eis Chrëschtfeier an der Form vun enger Soirée chique stattfonnt. 🎄Do konnte mir eis vun engem gudden 3-Gänge Menü, souwéi Béier a Wäi verwinne loossen.
Wärend dem Owend gouf annoncéiert, wou mir eis Summerrees verbrénge wäerten. 🥁 Et geet op Budapest!
Den traditionellen Don ass dëst Joer u médecins sans frontières gaangen. Dofir hunn eis Membere 486€ gespent an den LSM huet op 972€ verduebelt. 

Hei kennt dir nach Fotoe vun dësem schéinen Owend fannen: https://drive.google.com/drive/folders/1dx4S9GhmDq00bdo7D__OzVlU4dn29T2n?usp=sharing