Réckbléck: Beerpong Liga

Dëst Wantersemester huet erëm eis Beerpong Liga stattfonnt. Wärend zwee Méint konnte sech 16 Teams opgedeelt an 2 Gruppe challengen. Um Enn hunn et 4 Ekippe weidergepackt. Déi final Matcher goufen an der Klenze mat der Ënnerstëtzung vun ville Supporter gespillt.💙 No zwou spannenden Halleffinalle konnten sech Les Folles (Lisa Wolles & Michel Fonck) a Beermol (Yann Windeshausen & Nicholas Thomé) weider an d‘Final kämpfen. An enger opreegender Partie mat 5 Matcher hu Les Folles sech konnten duerchsetzen an hu soumat gewonnen. 🏅