Réckbléck: AG 2023

De 24. Juni war eis Assemblée Générale, virdrun hunn mir eis nach fir eng flott Aktivitéit am Trampolinpark getraff. Do konnte mir eis ganz Energie lass gi éier et owes zu dem méi eeschten Deel komm ass. Am Paulaner Bräuhaus ass et da weider gaangen, do hunn mir op een erfollegräicht Comitésjoer mat flotten Eventer zeréck konnte blécke . Dobäi konnte mir dem Comité fir dat schéint Joer nach eng Kéier Merci soen, doropshi gouf de Comité fir d‘Joer 2023/24 gewielt. Um Schluss konnte mir de schéinen Dag mat engem gudden Iessen ausklénge loossen. 🍻💙

Gewielt gouf:

  • Felix Schwartz – President
  • Maya Lenertz – Vize-President & Tresorier
  • Jil Jung – Sekretärin
  • Lynn Huijben – Team Event
  • Yann Windeshausen – Team Event
  • Max Germeaux – Sponsoring
  • Louis Ewen – Webmaster
  • Anna Schreiber – Sportsministesch