Réckbléck: Intercercles 22/23

Den LSM war dëst Joer natierlech och op enger Réi Intercerclen gutt vertrueden. Am Wantersemester ware mir, ënner anerem, op der Reel vun Heidelberg&Karlsruhe an zu Zürech um Clear the Bottles. 🍾

Am Summer si mir am Mee bei eis Kolleegen op Würzburg gaangen. 2 Wochen drop si LSM-Memberen op Wien ob dat bekannt Saufest gefuer. Am Juni waren dunn nach 2 méi sportlech Intercerclen, nämlech de Spikeball-Turnéier zu Freiburg an de Beach-VB zu Kaiserslautern. 🏐

Intercerclen sinn ëmmer eng super Méiglechkeet fir néi Leit aus anere Cerclen kennenzeléieren. Dofir hoffe mir, dass mir dat nächst Joer rëm zu sou vill fir des Eventer sinn. 💙