Réckbléck: Volleyball Turnéier 2023

Den 10. Juni huet eng weider Kéier den LSM-Volleyball Turnéier stattfonnt.:volleyball: Hei hunn sech 8 Ekippe mat sportbegeeschterte Memberen zesumme fonnt fir bei guddem Wierder des Editioun auszedroen. Ausserdeem sinn eng ganz Réi LSM-Membere komm fir hir Kolleegen unzefeieren an e flotten Dag am englesche Gaart ze verbréngen.:sonnig:
No enger knapper Gruppephase an enger nach méi spannender K.O.-Phase konnt sech d’Ekipp vum Chloé Schmidt, Lisa Wolles, Nicolas Thomé a Michel Fonck duerchsetzen. Sie hunn e Consommatiounsbong beim Ruff’s Burger gewonne fir hier Victoire ausgibeg feieren ze kennen.:trophäe: