Réckbléck: Base-Cup 2023

Vum 05. Bis den 07. Mee huet déi zweet Editioun vum Base-Cup stattfonnt. Zesumme mat de Comitéë vun Innsbruck a Wien organiséiert, hat München dëst Joer d’Éier dëst Event bei sech ofzehalen. Wei och scho bei der éischter Editioun vum Sportevent goufen dëst Joer méi exotesch Sportaarten, nämlech Vëlkerball, Spikeball a Petanque gespillt.


Ugefaangen huet et Freides Owes am you LOFT mat engem Welcomepatt. Mat gudder Musek an nach besserer Stëmmung hunn mir de Weekend akléngen gelooss. Gutt gestäerkt, an hoffentlech net ze midd, goung et Samschdes Moies an den englesche Gaart wou de Sport stattfonnt huet. Nodeems Moies Qualifikatioune gespillt goufen, konnten sech d‘Münchener Mëttes an de Finallen am Spikeball a Petanque duerchsetzen a jeeweils déi 1. Platz mat heem huelen. Innsbruck huet dëst Joer de Pokal vum Vëlkerball gewonn. Natierlech war den Dag iwwer fir Gedrénks gesuergt, sou konnte Supporter a Sportler bei guddem Wierder e flotten Dag am Park verbréngen.


Nodeems de ganzen Dag Sport gemaach gouf, war Owes héich Zäit fir sech alt rëm ze stäerken. Dofir hunn mir eis all géint 19h00 am Paulaner Bräuhaus getraff, fir bei guddem Iessen a Gedrénks den Dag ofzeschléissen.


Sonndes Moies war een dunn hoffentlech net ze ugeschloen, well et direkt weidergaangen ass. Moies frei um 9h00 hunn mir eis um Frühlingsfest getraff fir den Innsbrucker a Wiener ze weisen, wéieng déi besser Stad ass. Géint der Owend, wei déi meescht Eisterreicher den Zuch fir heem geholl hunn, ass den Dag fir d’Münchner grad réischt ugaangen. Selbstverständlech ass am spéiden Owend d’Bud vun eis zougemaach ginn.


Mir soen de Comitéë vun Innsbruck a Wien e grousse Merci fir d’Hëllef bei dësem Event. Mir freeën eis schonn ob d’nächst Joer, wann mir zu Wien eisen Titel verdeedege kennen. Mir hoffen dir hat genau sou e flotte Weekend wei mir.


Äre Comité