Réckbléck: Lasertag

Den 22. Januar ware mir an den Terra Mars Lasertag spillen. Hei konnt all Mënsch wärend ganzer 4 Stonnen a verschiddene flotte Spillmodi säi Kennen ënner Beweis stellen. Egal ob een an Deckung bléift oder léiwer ronderëm leeft, hei kennt jidderee op seng Käschten!

Dës flott Mëschung tëschent Strategie, Teamwork an Adrenalin erënnert een un Lycée-Zäiten, wou een net genuch vum Spill kréie konnt. Et war also e sportleche Mëtten ënnert LSMer a mir freeën eis schonn ob eisen nächste Besuch am Lasertag.

Äre Comité