Réckbléck: Beerpong-Liga

Dëst Wantersemester huet eng weider Kéier d’LSM-Beerpong-Liga stattfonnt.:biere:No enger spannender Gruppephas konnten sech 4 vu 14 Ekippen duerchsetzen an sech domat fir d’Finall qualifizéieren.
Den 19.Januar hunn an der Klenze d’Halleffinallen an d’Finall stattfonnt. No 2 knappen Halleffinalle stoungen sech „Hot chicks cold beer“ (Jil Jung & Anna Schreiber) a „Beiersnipers“ (Lara Mores & Gil Majerus) an der Finall géigeniwwer. No 5 spannende Sätz a fantastescher Ënnerstëtzung vun de Supporteren, konnten sech Beiersnipers duerchsetzen a soumat 100 € an den Titel mat heem huelen.:trophäe:
De Comité seet all deenen déi matgemaach hunn an och de ville Supporteren, déi d’Ekippen an der Finall ugefeiert hunn, Merci.:blaues_herz: