Réckbléck: Kitzbühel

Vum 06. -08. Januar ware mir zu 32 LSM-Memberen a 9 Oldies fir déi 15.Kéier op Kitzbühel fir eis Wanterrees. ⛷️

Freides ass et Moies fréi um 7h00 um Ostbahnhof lassgaangen. No 2h Bus an eisem traditionellen Dräikinnekskuch si mir géint 9h00 ukomm, wou et dunn och direkt op d‘Pist gaangen ass. No engem laange Skidaag ass et dunn mam Sonnenënnergang op d’Happy-Hour, bzw an d’Sauna an der Sonnalm gaangen. Nodeems mir eis Owes mat engem 3-Gänge-Menü verwinne gelooss  hunn, si mir mat engem Patt vum LSM gutt an den Rëscht vum Owend gestart. 🍻

Samschdes si mir rem Moies fréi an d‘Skischung geklomm fir vum gudde Wieder ze profitéieren. 🎿🎿Owes gouf dunn gutt gegrillt an natierlech ass et duerno nach op den Après-Ski gaangen.

Sonndes, nodeems d‘Walisse gepaakt goufen, ass et nach eng lëschte Kéier op d‘Ski gaangen. Och wann allgemeng net vill Schnéi louch, konnte mir déi 3 Deeg vu grandiosem Wierder profitéieren, an de Weekend genéissen. ☀️ Um 17h00 ass et, mat ville midde Gesiichter, och schon rem zeréck op München gaangen. 😴

Insgesamt war et eng ganz flott Wanterrees a mir freeën eis schon op d‘nächst Joer! 💙