Réckbléck: Tournoi de Noël

De 27.-28.Dezember huet no 2 Joer Paus alt rëm eng Kéier den Tournoi de Noël, organiséiert vun der ACEL an der LASEL, um Geesseknäppche stattfonnt. Och bei dëser Editioun, wou et em d‘Victoire an den 3 Sportaarte geet, war den LSM erëm staark vertrueden.:muskel:


Wéi ëmmer ass et den éischten Dag mam Volleyball a mam Basket lass gaangen. Obwuel de Volleyball historesch gekuckt déi schwächste Sportaart beim LSM ass, konnt eis Ekipp, mat voller Ënnerstëtzung vun den LSM-Ultras, eng staark 5.Platz ergatteren. Och beim Basket hunn mir dëst Joer rëm gewisen aus wat d’Münchner geschnëtzt sinn, an hunn déi 4.Platz mat heem geholl.:erhobene_hände:
Den 2. Dag war dunn Fussball ugesot, no enger phenomenaler Gruppephase, déi éischter no Ofschéisse wei no Fussball ausgesinn huet, huet eis Ekipp den LSM mat enger 4.Platz stolz gemaach.:fußball:
Wat bal genau, wann net zuguer méi wichteg wéi d’Sportler um Terrain ass, sinn d’Supporter nieft dem Terrain. Dëst Joer waren eng heede Wull un LSMer do, déi gutt Stëmmung nieft dem Terrain gemaach hunn. Ausserdeem hate mir Cheerleader déi virun de Matcher eis Equipe zousätzlech motivéiert hunn. Decke Merci fir des Ënnerstëtzung, ouni déi mir sécherlech net sou gutt ofgeschnidden hätten.:trommel_mit_stöcken::trompete:
Beim Consommatioun-Präis ass den LSM ob déi 4. Platz komm. Och wann dat mol scho guer net sou schlecht ass, si mir eis eens dass et hei nach e bësse Verbesserungspotential gëtt.:biere:
Am Gesamtklassement hunn mir domat eng mega 2.Platz ergattert. Merci un all d’Sportler an d’Supporter déi vollen Asaatz gewisen hunn.:trophäe: