Réckbléck: Chrëschtmaart-Crawl

De 16. Dezember huet ee vun eisen neien Eventer stattfonnt. Zesumme ware mir ob 4 verschidde Chrëschtmäert. Och wann et zum Deel extrem kal war huet ons dat net dovun ofgehalen a gudder Atmosphär en flotten Owend mat eneen ze verbréngen. Fir ons opzewiermen an ze stäerke gouf deen een oder anere Glühwäi gedronk a genuch giess. ❄️ 🎄

No all Chrëschtmaart hunn mir ons Memberen déi 4 verschidde Chrëschtmäert bewäerte gelooss a kruten als Resultat:

1 Platz: Wintertoolwood

2 Platz : Chrëschtmaart am Kaiserhof vun der Residenz

3 Platz: Chrëschtmaart ob der Münchner Freiheit

4 Platz : Mittelalterweihnachtsmarkt beim Odeonsplatz

Mir hoffen Iech huet den Owend genau sou gutt gefall wei ons a mir kennen dat nächst Joer mat virleit puer anere Platze widderhuelen. 😁

Äre LSM-Comité 💙