Réckbléck: Chrëschtféier

Den 09.Dezember huet eis traditionell Chrëschtfeier am Franziskaner stattfonnt, dëst ënner Form vun enger Soirée chique. 🎄
Dat ganzt huet ugefaange mat engem Besuch vum Kleeschen a senge Kolleegen.🎅 Hei krut all Member deen sech geschéckt huet, nieft enger LSM-Chrëschtdagsbull a selwer gebaakte Kichelcher, och nach eng Réi aner flott Kaddoen. Natierlech konnt och all Member en Shot mam Kleeschen huelen. Nodeems dunn all Mënsch eng Foto um Kleesche sengem Schouss gemaach huet, ass et och schonn un d’Iessen gaangen.
Hei hunn mir eis, an engem flott dekoréierte Sall, mat engem 3-Gänge-Menü verwinne gelooss, wou natierlech d’Gedrénks och net ze kuerz koum. No engem flotten Owend, a ville Fotoe vu schéin gekleeten LSMer ass den Owend géint 1h30 op en Enn gaangen. Wou fir déi eng den Owend hei eriwwer war, huet en fir vill anerer knapps réischt ugefaangen.
Wärend der Chrëschtfeier gouf wei all Joer annoncéiert, dass eis dësjäreg Summerrees op Verona geet.
Mir hunn och eng aner Traditioun rëm opgegraff, andeems all Member en Don fir kriibskrank Kanner maache konnt. Hei sinn +-280 € zesummekomm, déi den LSM nach eng Kéier op 570€ verduebelt. Merci un jiddereen deen heizou bäigedroen huet. 💙
Hei nach en décke Merci un de Louis fir déi schéi vill Fotoen. Link: https://drive.google.com/drive/folders/1D-vsKaCiEXaP0FNIrI1hj_FGG8qJ-Vgp?usp=share_link
Mir hoffen Iech huet den Owend genau esou gutt gefall wei eis 🍻