Réckbléck: LSM meets LSWü – Nürnberg

Den 3. Dezember si mer Nomëttes mat der Regionalbunn op Nürnberg gefuer fir do eis Kolleege vum LSWü ze treffen. 🍻

Zesumme mat hinnen hu mer bis Owes déi verschidde Plaze vum weltbekannte Christkindelmarkt entdeckt, woubäi natierlech och den een oder anere Glühwäi probéiert ginn ass. Insgesamt war et ee flotten Dag wou sech a gudder Stëmmung ausgetosch ginn ass a wou mir déi schéin Atmosphäre genoss hunn Ier et dann Owes erëm zeréck op Münche gaangen ass. 🎄

Et war op alle Fall eng immens flott Renconter mam LSWü. Mir hoffen et huet hinne genau sou gefall wéi eis an da kann een an Zukunft bestëmmt nach déi eng oder aner Saach mateneen ënnerhuelen. 💙