Réckbléck: Bowling

De Samschdeg, 12. November, hunn sech eng gutt Partie vun eise Membere fir Bowling ze spillen am Isar Bowling getraff 🎳

Hei goufe mir op 4 Bunnen opgedeelt a schonn ass et lass gaangen. 👞 Vun e puer gefëllte Rinne bis hin zu Spares, Strikes, a flotten Trickshots krut een alles ze gesinn 🏆 👀
Och vir de Spaass an d’Interaktioun ënnert de verschiddene Bunne war duerch flott Chats iwwert d’Computere gesuergt, hei gouf sécherlech kee vernoléissegt 🤡

Deen Nomëtte war ee vollen Erfolleg a mir sinn der Meenung, dass et definitiv Wiederholungsbedarf gëtt! 🎳

Äre LSM-Comité 💙