Réckbléck: Pubquiz 2022

Den 03.11 huet an der Klenze eise beléifte Pub-Quiz stattfonnt. Hei hunn sech iwwer 60 Membere verdeelt an 11 Gruppen eise Froe gestallt.

D’Teams konnten sech an diversen Theme vu Geschicht bis hin zu Sport beweisen. No engem spannenden a flotten Owend konnten sech dunn „Ernster l‘esprit ivre“ duerchsetze mat phenomenale 57,5 Punkten an domat de Gewënn mat heem huelen. D‘ „Wäschfraen“ hun ganz präzis geschafft, a kruten dowéinst als zweetleschten en Shot ausginn.