Réckbléck: Welcome-Day 2022

Samschdes den 22. Oktober huet dunn wei all Joer och rëm eise Welcome-Day stattfonnt.

Moies kruten d‘Erstien am Augustiner-Bräustuben den traditionellen Ersti-Brunch offréiert, wou sie sech géigesäiteg, an de Comité kenneléiere konnten.

Gutt gestäerkt hunn mir eis dann fir 12h00 mat den anere LSMer um Odeonsplatz getraff, vu wou eise Rallye gestart huet. No engem Mëtte mat ville flotten Aktivitéiten, hunn mir eis Owes am Lenz fir z‘Iessen getraff. Héi goufen dunn och d‘Gewënner vum Dag, neemlech d’Pink Fucking Gorillas, annoncéiert.

Am Lenz hunn mir bei guddem Iessen an angeneemer Stëmmung den Dag ausklénge gelooss.