Réckbléck: Oktoberfest Intercercle 2022

No 2 Joer Paus konnt vum 22.-24.September eise berühmten Oktoberfest-Intercercle endlech rëm stattfannen. Eng Ronn 70 Participante waren derbäi, fir de gudde Münchener Béier ze genéissen.

Freides den 22. ass et Owes lass gaange mat engem Welcome-Patt an der Klenzen, wou ee gemittlech an den Intercercle ranstarte konnt.

Samschdes Moies hun mir eis da schonn um 8 Auer virum Oktoberfest getraff fir da schlussendlech um 10 Auer am Vollsprint déi bescht Dëscher am Hacker Festzelt ze ergatteren. Hei konnte mer dann de ganzen Dag op der Wiesn a beschter Gesellschaft, matrappender Musek an dem een oder anere Maß genéissen.

Den 3. Dag vum Intercercle ass ëmmer bësse méi gemittlech, wat no engem ganzen Dag ob de Wiesn och batter néideg ass. Hei hunn mer Mëttes en ganz flotte Rallye duerch Münche gemaach. Owes hun mir dunn zum Ofschloss am Augustiner Keller giess an dono am Cadu den Intercercle ausklénge gelooss.

Mir soen allen Participante Villmools Merci a virun allem deenen externen, dass dir de wäite Wee ob München ob Iech geholl hutt an hoffen Iech hunn déi 3 Deeg genau sou gutt gefall wei eis. Mir freeën eis schonn op d‘nächst Joer an hoffen Iech do all kennen zeréck ze begréissen.