Réckbléck: Studentebal 2021

De 24. September war no engem Joer Paus rëm Zäit fir de Studentebal, organiséiert vun der ACEL. Tatsächlech war et dëst Joer déi 20. Editioun vum Studentebal. Unhand vum CovidCheck-Prinzip konnte ronn 2.000 Leit de Bal besichen. Insgesamt 22 Cercle ware vertrueden, 21 hunn hier Spezial-Drinks verkaf, an ee Cercle huet sech em de Grill gekëmmert. Um DJ-Pult souzen den Dasic an den DJ Nosi.

Zesumme mat de Kölner (LSC) an den Oochener (AVL) hu mir eisen ee Comptoire gedeelt. Natierlech war mir erëm mat eisem Spezial-Drink, dem Blue Seppl Shot, um Start. Dëse war dann och kuerz virum Schluss vum Owend komplett ausverkaaft!

Mir wëllen ee grousse Merci rausginn un jiddereen, deen eis um Stand gehollef huet, an och jiddereen, deen op de Bal komm ass! De ganzen Owend war ee grousse Succès!