Réckbléck : Volleyball-Tournoi 2021

No laanger Zäit konnt den 12. Juni 2021 am Englischer Garten erëm een LSM-Event a Präsens organiséiert ginn an esou huet sech de Comité gefreet et ganz Partie Memberen erëm ze gesinn. Fir de Volleyball-Tournoi sinn eng 7 Equippen zesumme komm fir géingt eneen unzetrieden. Um 15 Auer ass et mat enger Gruppephase lassgaangen an der al Equippen emol géingt al aner Equippe ee Match vun engem Saz gespillt huet. Dono goufen dann zum Ofschloss 2 Halleffinallen an 1 Final déi jeeweils an 3 Sätz gespillt gi sinn. D’Gewënnerequippe vum dësjäregen Tournoi war dunn schlussendlech no enger spannender Final, wou et bis op de leschte Saz ukomm ass, d’Equippe vum Nicolas Thomé, David Wolff a Philippe Goerens. Als Präis gouf et fir jiddereen ee Cageot Béier, gesponsert vum LSM.

Nieft den 2 Felder hunn sech awer och eng ganz Partie LSM-Memberen zesummefonnt fir d’Equippen unzefeieren an ze encouragéieren.

Zesummen huet en dunn och no de Matcher den Owend gemittlech ausklénge gelooss woubäi et och den een oder anere Béier offréiert vum LSM gouf. Am grousse Ganze kann ee vun engem immense Succès schwätzen, wou jiddereen op seng Käschte koum ass, egal op Spectateur oder Participant.