Réckbléck : LSM – Ersti-Meeschterschaften

Nodeems d’Mesure eis et dann och erëm erlaabt hunn war et héchst Zäit de Rallye vum Welcome Day nozehuelen an esou koum et dunn de 26. Juni 2021 zu den éischten LSM – Ersti-Meeschterschaften (kuerz Ersti – EM).

Dëse Rallye war ganz am Thema vun der zäitgläich ofgehalener Fussball-Europameeschterschaft an esou gouf et 5 Teams, déi jeeweils ee Land representéiert hunn (Däitschland, Frankräich, Italien, England, Belsch) déi op de 5 Stänn hu misse passéieren. All Stand huet ee Fussballstadion representéiert (Sevilla, London, München, Roum, St. Péitersbuerg) an dowéinst gouf et dann och op all Stand ee fir dat Land charakteristescht Gedrénks, ee Quiz an ee Spill.

No ee puer Stonne Rallye duerch d’Stad konnt sech dunn awer schlussendlech d’Equipe Däitschland als Gewënner vum Dag duerchsetzen an domat hunn si eng gratis Entrée op de nächsten LSM-Fräibéier gewonnen.

Den Owend gouf nom Rallye gemittlech zesummen am Englesche Gaart mat dem eng oder anere Béier ausklénge gelooss.