Réckbléck : Student fir 1 Dag – 2021

Dëst Joer huet fir d‘éischte Kéier de Student fir 1 Dag, organiséiert vun der ACEL, an der Lëtzebuerg Editioun stattfonnt. Dat bedeit déi interesséiert Schüler aus dem Secondaire si net op München zu Besuch komm, mee dat Ganzt huet de 6. Abrëll zu Belval a Form vun enger Réi vu Virträg um Site vun der Uni.lu stattfonnt.

Vereedelt iwwert den Dag hat den LSM-Comité esou d‘Méiglechkeet hinnen e bëssen eppes iwwert de Cercle, d’Stad München an d’Studenteliewen do, d’Unien an iwwert déi Studiegäng, fir déi si sech interesséiert hunn, ze erzielen. Den Dag war insgesamt ee grousse Succès fir den LSM an et huet een sech iwwert den direkte Kontakt mat de Schüler gefreet.

Eis PowerPoint :

https://cloud.physik.lmu.de/index.php/s/6EGmKEQRAoTfPDW