Réckbléck : Ersti-Quiz

Wëll dëst Joer leider hu missen eisen Ersti-Pubcrawl an de Welcome-Day ofgesot ginn, huet de Comité sech eppes Neies afale gelooss fir kënnen de Kontakt mat den neien Erstis hierzestellen, fir si e bësse besser kennen ze léieren an an hinnen d’Geleeënheet ze ginn, och kënnen ënnerteneen nei Leit kennen ze léiere fir esou nei Kontakter hierzestellen.

Esou huet dann den 21. November 2020 den online Ersti-Quiz stattfonnt. No enger kuerzer Virstellung vum Comité ass et dann awer och scho lass gaangen an et si 5 Gruppe gebillt ginn, an deenen da jeeweils ee Comités-Member vertruede war.

A 7 Ronnen, wou et ënnert anerem Froen zu den Themeberäicher Sport, Technologie oder Geschicht ze beäntwere gouf, konnten déi verschidden Equippen hiert Wëssen ënner Beweis stellen. Natierlech hinnen och no all Ronn nach Zäit gelooss ginn, fir sech kenne besser kennen ze leieren, ier et dann och schonn erëm an déi nächst Ronn gaangen ass.

Um Schluss vun deene 7 Ronnen, wéi sollt verkënnegt gi wien d’Gewënner si koum et dunn awer dozou, dass zwou Gruppe mam selwechte Punktestand virlouchen. Esou gouf dunn kuerzerhand entscheet, dass et soll zu enger spannender Final kommen an der et dorëms gaangen ass, dass jeeweils een aus deenen zwou Equippen ugetrueden ass, fir eng Fläsch Béier esou schnell wéi méiglech auszedrénken. All Member aus der Gewënnerequipe krut dann och als Präis ee Cageot Béier.

Nodeems dunn den offiziellen Deel vum Quiz eriwwer war, sinn nach eng ganz Partie Leit do bliwwen, fir den Owend gemittlech auskléngen ze loossen.