Foire de l’étudiant 2020

Vum 12. bis 13. November 2020 fënnt déi dësjäreg foire de l’étudiant statt an dat fir d’éischte Kéier reng digital.

Wéi all Joer ass natierlech och den LSM mat engem Stand vertrueden. De Comité versicht de Schüler vun den Ofschlossklassen aus dem Secondaire bei all hire Froen zu de Studiegäng an dem Studenteliewen zu München mat Äntwerten zur Säit ze stoen. Donieft fënnt een op eisem Stand awer och eis nei Broschür, eis Flyeren an eise fonkelneie Video an dem mir eise Cercle „Lëtzebuerger Studenten zu München“ (LSM) virstellen.

Kommt och Dir op eisem Stand laanscht, mir freeën eis iwwert Äre Besuch.

https://studentefoire-goes-digital.lu/fr/stand/visiting/141