Zum Inhalt springen

Dezember 2019

Réckbléck: Tournoi de Noël 2019

  •  

Och bei dëser Editioun vum traditionellen Dräikampf, dee vun der LASEL an der ACEL organiséiert gëtt, war den LSM erëm Staark vertrueden. Wéi ëmmer ass et den éischten Dag mat Volleyball an Basketball lass gaangen. Obwuel den LSM beim Volleyball historesch gekuckt ëmmer am schwächste war, haten eis Meedercher a Jongen sech net kleng kréie gelooss an haten et bis op di zweet Plaz gepackt. Di éischt Podiumsplaz fir d’LSM Volleyball Ekipp! Mee och beim Baskett hate mer erëm gutt Gas ginn an do konnte… Weiterlesen »Réckbléck: Tournoi de Noël 2019

Réckbléck: Chrëschtfeier 2019

  •  

De 14. Dezember hat den LSM seng alljärlech Chrëschtfeier, déi dëst Joer awer an engem anere Kader wéi déi Jore Virdrun ofgelaf ass. Aplaatz sech „just“ op een Dinner an engem bayresche Restaurant ze treffen, hu mir dëst Jor an der Bar „Lehel“ eng Soirée Privée organiséiert. Nodeems mir eis bei engem 5-Gäng Flying Dinner Menü verwinne gelooss hunn, ass dunn nach bis 2:30 Party gemaach ginn. Déi läscht Stonne vun dëser Soirée sinn anscheinend net méi all Member am Gedächtnis verbliwwen. Natierlech duerft och… Weiterlesen »Réckbléck: Chrëschtfeier 2019