Réckbléck: Foire de l’étudiant

Wéi all Joer war den LSM och dëst Joer nees ob der Foire de l’étudiant présent, déi den 7 ten an 8 ten November an der Luxexpo stattfonnt huet. D’Delegatioun vum LSM ass mam Objektiv fir méiglechst vill Schüler vun München als Studentestad ze iwwerzeegen, ob des Veranstaltung ganen.

Fir dem gerecht ze gin, kruten mir vun den Münchener Universitéiten an Héichschoulen eng sellech Broschüren zur Verfügung gestallt. Zousätzlech huet den LSM eng ejen Broschür zesummen mat sengen Partneren erstallt. Des sin fläisseg ënnert den zukünftege Studente verdeelt gin a koumen och ganz gutt un. Duerch di typesch bayresch Dekoratioun vun eisem Stand war dësen net ze iwwersinn an huet Studieninteresséierter an alle Beräicher ugelackelt.

Eise Stand krut souguer prominente Besuch a Form vum Premier Xavier Bettel. Mir hoffe sou vill wéi méiglech Schüler dovun iwwerzeegt ze hunn dat op der Sich no der perfekter Studentestad kee Wee laanscht München féiert. An deem Sënn hoffe mir vill nei Gesiichter am Oktober zu München begréissen ze kennen.