Zum Inhalt springen

November 2019

Réckbléck: Pubquiz 2019

  •  

Well eise Pubquiz lescht Joer ee groussen Erfolleg war, hu mir d’Platzen dëst Joer en bëssen erweidert, an och déi ware ganz schnell ausgebucht. Eis 13 Gruppe konnten sech dann an de verschiddenste Kategorië wei Sport, Geographie oder “bekannt Aussoen” ënner Beweis stellen. Och wann et ganz knapp war, war et d’Grupp “Eng Tornado”, déi an der leschter Kategorie nach eng kéier laanscht hier Rivale gezunn ass, de Sieg herno mat heem huele konnten an eisen neie Champion vum Pubquiz 2019 gin ass.

Réckbléck: Foire de l’étudiant

  •  

Wéi all Joer war den LSM och dëst Joer nees ob der Foire de l’étudiant présent, déi den 7 ten an 8 ten November an der Luxexpo stattfonnt huet. D’Delegatioun vum LSM ass mam Objektiv fir méiglechst vill Schüler vun München als Studentestad ze iwwerzeegen, ob des Veranstaltung ganen. Fir dem gerecht ze gin, kruten mir vun den Münchener Universitéiten an Héichschoulen eng sellech Broschüren zur Verfügung gestallt. Zousätzlech huet den LSM eng ejen Broschür zesummen mat sengen Partneren erstallt. Des sin fläisseg ënnert den zukünftege… Weiterlesen »Réckbléck: Foire de l’étudiant