Réckbléck: Welcome Day 2020

De 26ten Oktober war et nees esou wäit. De Welcome Day. Sou munch LSMler bezeechnen dee sou guer als coolst  Event vum Joer.

Wéi an aler Traditioun huet de Comité d’Erstien am Augustiner Bürgerheim empfaangen. Och wa mir deen een oder anere schonn op Pubcrawl kenne geléiert haten, hu mir do d’Chance ergraff eis eng Kéier uerdentlech virzestellen. Dono hu mir wéi schonn déi Jore virdrun eis nei Memberen op ee Brunch invitéiert. Et konnt een tëschent engem “Normalen”, Vegetareschen oder natierlech engem traditionelle Weißwurst Frühstück wielen.

Mat bësse Retard, deen haaptsächlech der Kiche verschlot war, si mir dunn ob op den Odeonsplatz gaangen, wou eis Oldies schonn op eis gewaart hunn. Komesch, mol eng Kéier wou et ëmgedréint war.

Um Odeonsplatz sinn dunn d’Gruppen opgedeelt ginn. Wat dëst Joer nei war, war dass mir Zweeërteams als Leader vun all Ekipp haten. Do gouf et schonn déi éischt grouss Iwwerraschung. De Sven an den Nicolas hate fir hier Ekipp T-Shirten drécke gelooss.

Dunn huet de Rallye ass de Rallye gestart. Et goufe 5 Statioune wou all Ekippe Punkte sammele konnt. Ausserdeem gouf et d’Challenge “De Bass du net”, ee Katalog vun Aufgaben déi d’Ekippe wärend dem Rallye erleedege konnte fir weider Punkten ze sammelen. Eis Statioune waren dëst Joer um Gärtnerplatz, bäi der Frauenkirche, bäi de Pinakotéiken, am Engleschegart an op der Schwandinsel, eng Insel beim Maximilianeum.

No der leschter Statioun war Ziel der Wassermann zu Neuhausen. Do konnt all Grupp hier absolvéiert Challengë presentéieren. An no vill Duercherneen ass de Buffet op gaangen. Nieft dem Iessen hate mir eng Gedrénksflatrate, wou Softdrinks Béier a Wäin dra war.

Du war Zäit eise Gewënner ze verkënnegen an déi, déi mat am meeschten Elan gestart sinn, sinn och Belount ginn. Gewënner waren “PINK FU*KING UNICORNS“ d’Ekipp um Sven an Nicolas. Hiere Präis war gratis Entrée op deenen 2 LSM Fräibéieren. Traditionell hu mir och nach d’Chance ergraff eise féiere Comitées Membere mat engem klenge Kaddo Merci fir hier Aarbecht ze soen.

Wéi üblech hu mir dunn nach am Wassermann weider gefeiert, bis si Dieren zougemaach hunn. Alles an allem een erfollegräiche Welcome Day, a mir freeën eis schonn op deen nächsten.