Réckbléck : Oktoberfest Intercercle 2019

Déi 5. Münchener Oktoberfest Intercercle huet vum 26.-28. September statt fonnt.

Lass gaangen ass et Donneschdes owes an eisem Stammcafé Klenze 17. Hei sinn d’Participanten a Membere mat engem vum LSM offréierte Welcome Béier begréisst ginn. Dësen Owend war eng gutt Geleeënheet fir sech vun der Urees z’erhuelen an a gemittlecher Atmosphär nei Frëndschaften ze knäppen.

De nächste Moien hu mir eis all scho moies fréi um 8:30 bei der Theresienwiese, dem Schauplatz vum berühmt-berüchtegten Oktoberfest getraff. Wärend di eng sech an der Rei nach ganz brav e Croissant an ee läscht Alkohol-fräit Gedrénks gegënnt hunn, hunn di aner hir Liewer scho lues a lues op de bevirstoende Schock preparéiert. Um 9 Auer ass d’Gelänner vun Oktoberfest dann endlech offiziell op gaangen an am Vollsprint mir hunn déi verschidden Entrée vum Hacker Festzelt Himmel der Bayern scho besat. Wou d’Diere vum Zelt dunn endlech opgaange sinn hu mer eis Dëscher besat fir dann och de ganzen Dag kennen all zesummen ze verbréngen. Wat mir all zesumme fir eng flott Zäit op de Wiese verbruecht hunn kann een sech wuel gutt denken. Detailer heizou ginn et leider net, wat op de Wiese geschitt, bleift op de Wiesen. Erlieft hu muss een dat scho selwer.

De leschten Dag vun der Intercercle gëtt ëmmer méi gemittlech gehale, wat no engem kompletten Dag op de Wiesen och batter néideg ass. Nomëttes géint 5 Auer hu mir en klengen Apero am englesche Gaart bei wonnerschéinem Wieder organiséiert. Dat war nach eng flott Geleeënheet fir vum wieder ze profitéiere vu dass een den Daach vu gëschter vu moies bis owes an engem Zelt verbruecht huet. Owes war du leider schonn d’Ofschlossiesse vun der Intercercle am Wirtshaus zur Brezn. Wéi och besser dëse Weekend ofschléisse wéi mat enger fetter Portioun Spare Ribs an engem offréierte Münchener Béier? Mat frësch getankter Energie a well d Leit nom ustrengende Viirdag endlech erëm zou sech komm sinn, ass et du mat enger grousser Grupp Leit nach bis an de Neuraum gaange fir dës Intercercle dann och gebührend ofzeschléissen.  

Mir soen all den externen Participanten an och eise Membere villmools Merci fir äre Besuch an hoffen dass iech d’Intercercle genau sou gefall hutt wei eis. Mir freeën eis schonn drop d’nächst Joer nees eng flott Intercercle fir iech z’organiséieren. A wien net ee ganzt Joer well waarden, deem kenne mir e Besuch op eiser 2. Intercercle um Starkbierfest um Nockherberg (14.03.20) nëmmen un d’Häerz leen.