Réckbléck: Grillen um Flaucher 2019

Dat neit Comitésjoer hu mir ewéi all Joer nees mat eisem traditionellen Event „Grillen um Flaucher“ gestart.

D’Wieder huet eis dëst Joer nees an d’Karte gespillt, a sou konnt ee sech net nëmme bei puer Ronne Beerpong oder Flunky Ball ameséieren, mee sech och an d’Isar ofkille goen. Aneschters ofkillen konnt ee sech och mam kale Béier, Radler oder Wäin de mir eise Memberen räichlech ugebueden hunn. Fir den Honger war och gesuergt, eis Grillmeeschter hu Grillwurschte, Broschetten, Kéiswuppen an allerlee aneres ugebueden.

Dat eist éischt Event mam néie Comité een absoluten Erfolleg war, erkennt een un de rekordverdächtegen 105 Memberskaarten, déi mir den Daach verkaf hunn. Mir wëllen nach eng kéier villmools Merci soe fir déi gutt Stëmmung an déi gutt Laun déi eis Membere matbruecht hunn, a virun allem och een decke Merci un déi, déi eis gehollef hunn ofzeriichten.

Mir hoffen dir hutt iech genausou ameséiert ewéi mir, an hoffen iech dann och op aneren Eventer erëmgesinn.