Réckbléck: Wanderdag 2019

Dëst Joer hu mir eng nei Aktivitéit ausprobéiert, déi d’Ausdauer vun eise Memberen en bëssen op d’Prouf stelle sollt. Mir ware frou wei sech eng ganz Partie Membere gemellt hunn, fir mat eis den 1 Mee beim Wanderen ze verbréngen. Bei guddem Wieder hunn mir eis op de Wee gemeet a konnten een iwwerraschend Weisswurstfrühstück genéissen. Dank der wonnerbarer Orientatioun vun eiser Guidin, hunn mir de Wee direkt fonnt a konnten zielsecher op den Deininger Weier zousteieren fir eise Picknick ze genéissen. No 20 km hate mir eis dunn och eng gemittlech Mass am Biergarten verdéngt.