Réckbléck: Kitzbühel 2019

Vum 4. bis 6. Januar waren 28 LSMler fir eisen mëttlerweil schonn traditionellen Skiweekend op Kitzbühel. Wei schonn déi leschten Joren hu mir do op der Sonnalm iwwernuecht, wou deen een oder aneren, deen schonn méi oft dobäi, war sech beschtens auskennt. Glécklecherweis waren awer och puer Erstien an Memberen fir déi et déi éischten LSM Skirees war dobäi.

Mam neien Joer hat et an den Alpen och ugefaange mat schneien, an net ze wéineg, sou dass d’Skifueren dëst Joer ganz ënner dem Motto „Powder“ stoung. Well dat awer oft ustrengend ass, ass den aneren Programm mat Schnéiballschlachten, an der Sauna chillen an natierlech deem legendären Aprés Ski an der Schirmbar, op der Sonnalm, net ze kuerz komm. Och déi alljäerlech LSM intern Meeschterschaft am Béierbankrennen gouf nees ofgehale, well d’Béierbänk awer wei de ganzen Rescht och am Schnéi versonk ass huet et dëst Joer puer ganz staark Memberen gebraucht fir d’Bänk bis ënnen hin ze drécken.  Mam gutt gefëllten Programm waren déi 3 Deeg erëm schnell eriwwer, an Sonndes sinn all d’LSMler dëst Joer souguer ouni gréisser Verletzung erëm zréck op München gefuer.