Réckbléck: Tournoi de Noël 2018

Och dëst Joer war den LSM erëm um traditionellen Tournoi de Noël mat 3 Equippen aktiv.

Mëttwochs den 27. Dezember sinn eis Volleyballer a Basketballer ugetrueden.

D’Basketballer waren trotz dem exzellenten Resultat vum leschten Joer net mat Lousgléck belount ginn an missten sech mat staarken Equippen an enger ausgeglachener Grupp moossen. Bis zum leschten Match an der Grupp war alles op. Um Enn war d’Gléck net op eiser Säit an eis Jongen a Meedercher missten sech mat der 4. Platz offannen. Mëttes konnten si awer dann weisen dass si eigentlech vill besser sinn wei déi Placéierung an hunn an der Grupp 4 hier Géigner deklasséiert sou dass nach déi 13. Platz erausgesprongen ass.

Eis Volleyballer hunn dëst Joer ganz besonnesch gutt gespillt an hätten moies sécher eng 2. Gruppeplatz verdéngt, wat de Modus mat 21 Equippen awer leider net zougelooss huet well si sech den Freiburger missten geschloen ginn. Trotzdeem hunn mir och Mëttes bewisen dass Volleyball  mëttlerweil och zu München op engem gudden Niveau gespillt gëtt an konnten déi 9. Platz huelen.

Den 28. Dezember war dann de Fussball un der Rei. Do kruten mir mat der LUNEX an Berlin zwou Equippen an d’Grupp déi eis lescht Joer d’Liewen schwéier gemaach haten, wärend een géint Berlin konnt d’Revanche huelen, missten mir eis géint LUNEX, dem spéideren Gewënner vum Tournoi, awer geschloen ginn. Mëttes ass déi 7. Platz erausgespronge.

Nieft dem sportlechen Aspekt steet awer natierlech virun allem de Spaass am Virdergrond. München beweist dat ëmmer ganz besonnesch mat eisen LSM Ultras, déi och dëst Joer nees fir gutt Stëmmung gesuergt hunn. Mir freeën eis och dass den LSW do mëttlerweil nogezunn ass. Well eis Equippen sech och alleguer mat hiren gemooss hunn war natierlech super Stëmmung an de Sportshalen um Campus. 

Souwuel am Sport wei och op den Tribünen soen mir dowéinst e groussen ‚Merci‘ un all eis Memberen déi do waren. Fir d’nächst Joer erëm op e neits ugräifen ze kennen freeën mir eis natierlech iwwer jiddwereen deen am Laf vum Joer un eisen Aktivitéiten deelhëlt.