Réckbléck : Oktoberfest Intercercle 2018

Déi 4. Editioun vun der LSM Oktoberfest Intercercle huet dëst Joer vum 4.-6.Oktober 2018 stattfonnt. Dëst Intercercle war, wéi déi leschten Editiounen, erëm en Succès a mir konnten 83 Studenten aus 18 verschidde Cerclen zu Münche begréissen. Wéi et den Numm scho verréit, war d’Oktoberfest en grousse Bestanddeel vun der eiser Intercercle.

De Startschoss fir d’Intercercle war den Donneschden Owend. Do hu mer eis Participanten a Memberen an eisem Stammcafé Klenze 17 begréisst an zesummen e flotten Owend verbruecht. Bei gemitterlecher Ambiance gouf do de Welcome Béier vum LSM offréiert. Dësen Owend war eng gutt Geleeënheet fir sech vun der Urees z’erhuelen an Frëndinnen a Kollegen erëmzegesinn déi ee villäicht och eréicht viru kuerzem op de REEL kenne geléiert huet. Bis ganz spéit an d’Nuecht ass den éischten Owend fir wahrscheinlecht ville Leit net gaangen. Di meescht waren sech bewosst dass et den nächsten Daach nach deemno wéi kéint ustrengend ginn.

Den nächste Moien hu mir eis all scho moies fréi um punkt 8:45 bei der Theresienwiese getraff. Virfreed war däitlech un de Gesiichter z’erkennen, an déi ganz motivéiert Studenten ënnert eis hunn sech schonn mat Sangria a Wäi waarm gedronk, déi manner motivéiert sinn nach beim Kaffi a Croissant bliwwen. Um punkt 9 Auer ass d Gelänner vun Oktoberfest dann endlech offiziell op a mir hunn déi verschidden Entrée vum Hacker Festzelt Himmel über Bayern scho besat. Als Dieren dann och no enger Stonn endlech op gaange sinn hu mer eis eis Dëscher besat fir dann och de ganzen daach kennen all zesummen ze verbréngen. Wat mir all zesumme fir eng flott Zäit op de Wiese verbruecht hunn kann een sech wuel gutt denken. Detailer heizou ginn et leider net, wat op de Wiese geschitt, bleift op de Wiesen.

Um leschten Daach vun der Intercercle war manner um Programm. Nomëttes géint 4 Auer hunn mir en klengen Apero am englesche Gaart bei wonnerschéinem Wieder organiséiert. Dat war nach eng flott Geleeënheet fir vum wieder ze profitéiere vu dass een den Daach gëschter sou zimlech de ganzen Daach an engem Zelt verbruecht huet. Hei hate mer dann och d’Geleeënheet gemitterlech bei enger geloosse Stëmmung sech vum Daach gëschter z’erhuelen.

Owes war d’Ofschlossiessen am Augustiner Keller um Programm. Wei et d’Traditioun sou well, hu mer natierlech och hei zu München dat een oder anert Lidd ugestëmmt an zesumme gesongen. Lidder wei « Dësch an d’Luucht » oder « President » hunn natierlech och hei op der Intercercle net gefeelt. Nom iessen am Restaurant si mir mat frech getankter Energie nach an den Neuraum gaange fir dann do d’Intercercle endgülteg of ze schléissen.

Mir soen iech villmools Merci fir är Participatioun an hoffen dass iech d’Intercercle genau sou gefall hutt wei eis. Mir freeën eis schonn drop d’nächst Joer nees eng flott Intercercle fir iech z’organiséiere fir eis 5-Järege Jubiläum.