Réckbléck: Assemblée Générale 2018

E Samschden 9. Juni haten d‘Lëtzebuerger Studenten vu München erëm hier alljäerlech Assemblée Générale. Dëst Joer sinn d’Memberen an d’Paulaner Bräuhaus invitéiert gi fir do bei der Versammlung deelzehuelen a gutt ze drénken an ze iessen.

Den Owend huet domat ugefaangen dass den ale Comité ee Réckbléck vum vergaangene Joer gemaach. All Evenementer goufen en Revue passéiert, vum Grillen um Flaucher iwwert d’Chrëschtfeier bis bei de leschte Fräibéier.

No dem Réckbléck waren dunn eis Éieregäscht vun der ACEL an der ANEIL un der Réi fir sech mat enger kuerzer Presentatioun virzestellen. Un dëser Platz e grousse Merci un d‘Vertrieder vun der ACEL dem Max Closener an dem Sven Bettendorf sou wéi de Vertrieder vun der ANEIL dem Jerry Lambert an dem Laurent Jacques. Mir soen der ANEIL nach en extra Merci dass Si eng Ronn zum beschte ginn hunn!

Dat wichtegst um Owend war awer Demissioun vum ale Comité an d’Wale vum neien. No knappe Wale konnte sinn du folgend Leit gewielt ginn:
• Laurent Jacques – President
• Patrick Holstein – Trésorier/ Vize-President
• Anne-Marie Lutgen – Sekretärin
• Mathis Pundel – Sportminister
• Noah Lee – Eventmanager
• Charel Donven – Sponsoring
• Jo Pletsch – Webmaster
• Jil Winter – Inneministesch

No de Walen an der Presentatioun vum neie Comité ass et weider op d’Iesse gaangen, wou et e gudden Dräi Gäng Menü gouf.

Op dëser Plaz wollt den neie Comité och d’Geleeënheet ergräifen an dem ale Comité ee ganz grousse Merci soe fir dat vergaangent Joer. Mir sinn all frou hier exzellent Aarbecht do weiderzeféiere wou Si opgehalen hunn an hoffen dat mer mat neien Idien erfollegräicht néit Joer wäerten hunn.