Réckbléck: Tournoi de Noël

De 27&28ten Dezember stoung erëm den alljäerlechen Tournoi de Noel um Geesseknäppchen um Programm. Wei all Joers war den LSM bei den 3 Sportaarte mat enger Equippe vertrueden.

Lass Goung et Mëttwochs mat Volleyball a Basket. Eis Volleyballer hate moies leider eng immens schwéier Poule mat Stroossbuerg, Köln (der Gewennerequippen) an Oochen a koumen dunn net iwwer eng 3te Platz ewech obwuel kee Match verluer ginn ass, sou dat se mëttes em Platzen 9-12 gespillt hunn, wou no gudde Partien a kengem verluere Match och déi 9te Platz erausgesprongen ass.

Eis Basketballer hu moies an der Grupp all Match gewonn an haten dunn d’Chance am Gewennerpoule em déi éischt Platzen ze spillen. Leider goung et mëttes dunn net duer fir déi éischte Platz mee si ginn trotzdeem excellenten zweete ginn a konnten eng Coupe mat op München bréngen.

Donneschdes stoung dunn de groussen Highlight mam Fussball um Programm. München war als Geheimfavorit an den Tournoi gaangen. Leider sinn se moies net iwwer e Gläichspill géint Kollege vu Berlin a géint Lunex erauskomm a waren domat raus aus dem Rennen em déi éischt Platz. Als zweeten aus der Grupp hunn eis Jongen dunn em d’Platze 6-10 gekämpft wou schlussendlech eng 7te Platz erausgesprongen ass.

Souwuel Mëttwochs wéi och Donneschdes waren d’LSM-Ultras natierlech och vertruede fir eis Sportler sou gutt wei méiglech unzefeieren. Donneschdes huet dunn eise Seppl leider Trommel am allerleschte Match futti geschloen, wat den Ersatz vun de Supporter ënner Beweis gestallt huet.

Alles an allem war et e flotten Tournoi an eis Sportler hunn hiert bescht gi fir eise Cercle sou gutt wei méiglech ze vertrieden.