Réckbléck: REEL 2017 zu Köln a Bonn

Déi Deeg vum 21. bis de 24. September war et erëm sou wäit an d’traditionell REEL stoung nees virun der Dier. KOBO war den Titel vun der REEL 2017, well se dës Kéier souwuel zu Köln wi och zu Bonn stadt fonnt huet. D‘REEL bitt eng Plattform, wou sech 120 lëtzebuergesch Studenten aus de verschiddensten europäesche Stied zesumme fanne fir sech auszetauschen an iwwer d’aktuell Héichschoulpolitik ze diskutéieren. Den LSM war dës Joer och mat enger Delegatioun vun 8 Leit vertrueden.

Donneschdes Moies huet dat ganzt mat 4 Workshops ugefaangen, déi vun der ACEL organiséiert a gehale goufen. Mëttes si mir da bis op Bonn gefuer, wou mir ee Rallye duerch d´Staat gemaach hun. Do si mir dunn a verschidden Equippen opgedeelt ginn an hate sou d’Méiglechkeet aner Leit kennen zeléieren. Fir den Dag of ze schléisse ware mir dunn Owes nach op eng Soirée Privée am Carpe Noctem.

Freides Moies hate mir verschidde Visitte wou ee konnt tëschent dem Communication Center vu Bayerkomm, Fluchhafe vu Köln a Bonn, Ford Werke, MMC Studios, Rheinenergie-Stadion an dem Schockelasmousse wielen an dann och Visitéieren. Mëttes stoung dunn den Austausch mat de Partner vun der REEL um Programm wou mir hier Entreprise virgestallt kruten a mir och dono mat hinnen op hire Stänn schwätze konnten. Den Ofschloss vum Dag war dunn am Roonburg, wat och d’Soirée Publique vun der REEL war.

D’Haaptthema vun der REEL war „Beziehungsstatus: Es ist kompliziert! Die Beziehung zwischen Abeitgeber und zukünftign Arbeitnemer“. Dofir si mir erëm bis op Bonn gefuer fir do op der Journée Politique eng Riet vum Aarbechtsminister Nicolas Schmitz e lauschteren an dann am Mëtteg eng ‚Table ronde‘ ze verfollege wou verschidde Vertrieder aus der Wirtschaft an dem Abesmarchée ivert d’REELs Thema diskutéiert hun. Zeréck zu Köln hu mir dunn Sangent eise Premierministre Xavier Bettel op der Trap virum Kölner Doum empfaangen an wou hien dann och nach e puer Wieder sot. Dono ware mir an den ‚Alter Wartesaal‘ iessen an hun och do dunn de Rescht vum Owend verbruecht.

Du war et och schonns sou wäit an de leschten Dag stoung un. Fir an den Dag ze starten hun mir Moies gutt gebruncht a Mëttes konnte mir eis tëschen enger Weinwanderung duecht Ahrtal oder eng Visite an enger Piscine entscheeden. Owes war dun leider schonn d’Ofschlossiessen, wou mir op der Abweiler Hütte nach eng leschte Kéier vill Spaass haten, ier et du erëm an de Bus oder an den Auto op d‘Réckrees gaangen ass.

Zesummefaassend kënne mir soen, och wann verschiddener aus onerkläerleche grënn den Dag dono keng Stemm méi haten an de Schlof e bëssen ze kuerz komm ass, waren et richteg flott 4 Deeg a mir freeën eis schon op déi nächst Editioun vun der REEL.