Réckbléck: Grillen um Flaucher 2017

Virun enger Woch war dem nei gewielte Comité säin traditionellt éischt Event: d’Grillen um Flaucher. Natierlech hunn och dëst Joer rem vill Memberen op gutt Wieder, Wurschten a gudde Béier gehofft, wat dee Samschden och Realitéit gouf. Dowéinst hate mer dëst Joer eng bal rekordverdächteg Zuel vu knapps 60 Memberen di um Ufer vun der Isar e flotten Nomëtteg an Owend verbruecht hunn.

Um Flaucher ukomm, huet jiddereen d’Méiglechkeet gehat di nei Memberskaart fir d’Saison 2017/18 fierzekafen. No engem klenge Patt ass et dunn un de Grill gaangen, wou mer sou vill Thüringer, Kéiswurscht a Mettwurscht ubidde konnte wéi een iesse konnt. Duerno goufen nach e puer Pätt bis an d’Nuecht era gedronk. Donieft konnt een och e puer Partien Beerpong oder Flunkyball spillen.

Mier soen all de Memberen Merci di komm sinn a mir hoffen dier hutt den Owend opmannst sou flott fonnt wi mir.