Réckbléck: AG 2017

Leschte Samschdeg hat den LSM seng alljährlech Assemblée Générale. Dëst Joer goufen all
d’Memberen an d’Paulaner Bräuhaus invitéiert fir do bei der Ofstëmmung matzemaachen a gudd ze
drénken an ze iessen.

Den Owend huet mat der AG ugefaangen. Den ale Comité huet dobäi ee Réckbléck vum
vergaangene Joer gemaach. All Evenementer goufen en Revue passéiert, vum Grillen um Flaucher
iwwert d’Chrëschtsoirée bis bei de leschte Fräibéier.
Dat wichtegst um Owend war awer d’Demissioun vum ale Comité an d’Wale vum neien, di dëst
Joer besonnesch enk a spannend waren. Trotzdeem konnt sech op en neie Comité gëeenegt ginn,
deen dëst Joer aus dëse Leit besteet:

• Sven Bettendorf – President
• Michelle Mirkes – Trésorière / Vize-Presidentin
• Jo Pletsch – Sekretär
• Philippe Goerens – Sportsminister
• Laurent Jacques – Eventmanager
• Leo Wolter – Sponsoring
• Charel Donven – Webmaster
• Patrick Holstein – Inneminister

 

 

No de Walen an der Presentatioun vum neie Comité ass et weider op d’Iesse gaangen, wou et e
gudden Dräi Gänge Menu gouf, dat, sou wäit een et beuerteele kann, jidderengem geschmaacht
huet.

Op dëser Plaz wollt den neie Comité och d’Geleeënheet ergräifen an dem ale Comité ee ganz
grousse Merci soe fir dat vergaangent Joer. Mir sinn all frou hier exzellent Aarbecht
do weiderzeféiere wou si opgehal hunn.