Réckbléck: LSM-Rees op Ljubljana

Wéi all gudde Münchener Student Mëttlerweil weess, ass et nom Start vum Summersemester och net méi laang bis d’LSM-Summerrees. A sou war et och dës Joer fir 25 LSM’ler nees souwäit, a sie hunn sech de 25. Mee op Ljubliana opgemaach. Lass gaangen ass dat Ganzt moies ganz frei um 7 Auer, wou mer all zesummen an de Bus geklomme sinn, fir dann, gutt 6 Stonne méi spéit, nees a Slowenien erauszeklammen.

Fir laang am Hostel ze setze war allerdéngs keng Geleeënheet, well et schonns kuerz drop Zäit fir en flotte Vëlostour duerch d’Stad war. Op dësem hunn eis eis Guiden alles erzielt, wat een iwwert d’Architektur an d’Geschicht vu Ljubliana wësse muss. Nodeems mir dunn, däitlech mei schlau wéi virdrunner, nees bei eiser Startpositioun ukomm sinn, konnt jiddereen op eege Fauscht d’Stad bëssi erkënnegen, oder an d’Geschäfter luusse goen, wat hei sou ugebuede gëtt. Zum Ofschloss ware mir dunn alleguer zesummen an de Rio Momo serbesch iessen, an uschléissend an de Parlament Pub eppes drénken.

 

No enger éischter kuerzer Nuecht huet et dunn geheescht moies fréi opzestoen, an nach schnell eppes ze iessen, befiert och schonn nees Zäit war an de Bus ze klammen. Un dësem Dag hunn mir nämlech en Dagesausfluch gemaach. Moies hu mir eis do d’Buerg Predjamski grad ugekuckt, déi relativ androcksvoll an eng Höhl era gebaut gouf. No enger Mëttespaus hu mir eis dann an d’Höhle vu Postonja getraut. Des Höhlen, duerch déi mir deels ze fouss getrëppelt, an deels mat engem Zichelche gefuer sënn, waren näischt fir déi, déi sech ze summerlech ugedoen hunn. Trotz de bal 30 Grad dobaussen, waren et der ënnert dem Buedem nämlech just 8. Des Höhle senn doriwwer eraus net nëmme beandrockend unzekucken, mä och d’Heemescht vum Grottenolm, deen et ob der ganzer Welt just hei gëtt. Owes gouf de midde Student dunn mat enger Pizza, an duerno dem engem oder anere Cocktail an der Disco Pr’skelet belount.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Samschdes hunn mir eis dunn nom Moiesiessen opgemaach och Ljubljanski grad (eng: Ljubljana Castle) kucken ze goen. Des Buerg steet am Zentrum vu Ljubljana an ass scho vu wäitem ze gesinn. Well de Wee fir de Bierg eropzeklammen awer bëssi ustrengend fir deen een oder anere gi wär, sënn mir virsiichtshallwer léiwer mat der Gondel eropgefuer, fir eis jo net ze iwwerustrengen. Mëttes ass jidderee senger Wee getrëppelt, fir sech fir déi ustrengendsten Aktivitéit op dëser Rees ze stäerken. Mir ware nämlech am Floss Sava raften. Dat ganzt war besonnesch lëschteg ginn, well eis Guidë fir deen een oder Spaass ze hunn waren, an eis dozou ugedriwwen hunn eis geigenseiteg an d’Waasser ze geheien. Dank Neopren hunn mir dat och all gutt iwwerstanen. E Sprong vun enger 7 Meter héier Bréck an de Floss duerft iwwregens och net feele fir d’Erliefnis perfekt ze maachen. Koum zeréck u Land si mer dunn alleguer an déi lokal Brauerei iesse gaangen, an hunn an engem Pubcrawl dorëm gestridde wien am schnellsten drénke kann. Duerno sënn mer awer alleguer nach méi gemittlech erausgaangen.

 

Um leschten Dach sënn mir dunn alleguer eng Stonn méi spéit opgestanen, a hunn sou bëssi Schlof nogeholl. Duerno ass dann deen een Deel vun eis an de Museum of Illusion gaangen, wou et sou munches ze entdecke gouf, wouriwwer mir all haut nach staune kennen. Während deem sënn déi aner LSM’ler Minigolf spille gaangen. Nomëttes sënn mir dunn alleguer duerch d’Stad getrëppelt fir d’Vakanz gemittlech auskléngen ze loossen. Em 5 Auer Owes ass et och schonn nees heem Richtung Münche gaangen, wou mir schlussendlech em 11 Auer ukomm sinn.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Während der Heemrees gouff iwwregens och de Charel Donven, hei riets am Bild, Zum Ersti des Joers gewielt. Félicitatioun!

 

De Comité seet jidderengem Merci

dee mat op des Rees war, an dozou bäigedroen huet,

datt se onvergiesslech ginn ass!!!!