Réckbléck: LSM-Chrëschtfeier 2016

Leif Memberen,

Wéi all Joer huet de Kleeschen, mat senge Gesellen, och dëse Wanter de laange Wee op München fonnt, an huet dem engem oder anere brave LSM-Member eppes matbruecht.

Bevir et allerdéngs souwäit war, gouf et genuch Glühwäin, datt och jo kengem kal gouf, an duerno e flotte Menü, bei dem keen hongereg bliwwen ass. Fir de Kleeschen dunn richteg ze motivéieren, an him ze beweisen datt d’Memberen hire Cadeau och verdéngt haten, hunn déi et sech net huele gelooss e puer Chrëschtdags-Lidder unzestëmmen, a sou fir eng flott Stëmmung ze suergen.

Wéi all Joer huet den LSM sech awer och des Kéier Zäit geholl un déi Leit ze denken, deenen et net sou gutt geet, an en huet nees Spende fir de gudden Zweck gesammelt. Dat gesammelt Geld ass un Campus for Change gaangen, déi Entwécklungs Projeten an Afrika um lafen hunn, awer och aner hëllefsbedürfteg Leit ënnerstëtzen.

Nodeems dat Ganzt dunn eriwwer war, huet et och nach eng Partie Memberen an e Münchener Kaffe verschloen, wou se sech nach deen een oder anere Patt genehmegt hunn.