Léif Memberen,

No engem gelongenem Welcomeday, steet och dëst Semester traditionell ee Fräibéier un. Deen ass de 24. November vun 20:30 bis 1:00 an der Klenze 17 .

Als Member kennt kennt dir fir 10€ esouvill Béier, Radler an Softdrinks drénke wei dir wëllt. Falls der nach keng Memberskaart hutt, da kritt der déi natierlech nach sur Place ze kafen. Ouni Memberskaart kennt der leider net deelhuelen, mat der Ausnahm vu Leit déi hei zu München op Besuch sinn. Fir déi kascht de ganzen Owend 15€.

D‘ Participatioun muss vu jidderengem bezuelt ginn, deen deen Owend an der Klenze 17 ass.

Et brauch een sech net am viraus unzemellen!

FB-Veranstaltung : LSM-Fräibéier

 

Mir hoffen op ee seffechen Owend mat iech all,

Äre Comité