Réckbléck: Welcome Day 2016

 

20161022_122605

Wéi all Joer em des Zäit war et och gëschter nees souwäit, datt mir um traditionelle Welcome Day eng ganz Partie vun neien Erstien zu München begréisse konnten. Sou sënn mir gemittlech an den Dag gestart, andeems déi nei Erstien zesumme mam Comite am Augustiner Bürgheim gebruncht hunn a sech schon ënnertenee bëssi kenneléieren konnten. Während deem haten d’Oldies hire ganz eegene Brunch organiséiert, an hunn et sech och gutt goe gelooss.

Dat Ganzt huet em 10 Auer ugefaangen, a nodeems da jiddereen säin Honger gestëllt, oder zumindest säin Hangover iwwerwonnen hat, sënn mir alleguer zesummen op den Odeonsplatz gefuer wou mir dann och d’Oldies, déi net genuch vum Welcome Day kenne kréie, getraff hunn.

20161022_132826

Virdru goufen d’Erstien awer schonn alleguer als ebe souere markéiert, fir datt och jo kee verluer geet. Duerno goufen dann d’Gruppen opgedeelt, an all Grupp huet sech op de Wee gemaach, fir op en flotte Rallye duerch d’Stad, wou och dat eent oder anert Spill um Wee op si gewaart hutt. Deen ganze Spaass hunn sech insgesamt em déi 80 Participanten net entgoe gelooss, an all waren se mat vollen Äifer dobäi, fir um Enn vum Dag als Gewënner do ze stoen.

Woubäi bei dësem Event wahrscheinlech méi wéi an de meeschten anere Beräicher vum Liewen den olympesche Gedanken zielt: „Dobäi sënn ass Alles“. Ëmmerhi bleiwe ville Leit déi nei Kontakter, déi un dësem Dag geknüpft goufen, ënner Ëmstänn nach laang erhalen. Sou ass et ëmmerhi scho ville LSM-Member gaangen. Dëst huet zwar bëssi méi laang gedauert wéi ursprénglech geduecht, mä déi obligatoresch Verspéidung beim Welcome Day ass mëttlerweil jo och scho bal Traditioun.

 

20161022_212822

Ëmsou besser huet awer um Enn vum Dag d’Iessen an der Drehbar geschmaacht, wou dann och nach eng ganz Retsch vu LSM-Memberen déi scho méi laang dobäi sënn dobäi komm ass. Déi obligatoresch Verkënnegung vun dem Gewënner-Team duerft natierlech hei genausou wéineg fehlen, wéi d’Virstellung vun all den Erstien, an der Iwwerreechung vun hire Welcome Bags. Hei gouf den Dag dann och entspaant ausklénge gelooss, an an enger lockerer Atmosphäre gefeiert, bis d’Bud schlussendlech zougemaach huet.

gruppenfoto_welcome-day